1001 Paangecher fir de Mound

Eng Geschicht vum Hänsel a Gretel am alen Egypten mat enger béiser Hex, engem léiwe Mound a lecker Paangecher !

Haut de la page

Catchdonnerwieder

An enger Catcherfamill do catcht jiddereen, zënter Joren, zënter Joerzéngten, zënter… Generatiounen! Mee, voilà, heiansdo ass dat op eemol anescht ewéi virgesinn. An dëser Famill huet de Peter ee ganz anere Sport ewéi Catch gären… an dat gefält der Famill awer guer net!

[su_vimeo url= »https://vimeo.com/184317370″ width= »440″ title= »Test « ]

Haut de la page

De Storch vun deem ech mäi Brudder krut

D’Storcher, déi d’Kanner bréngen, gläiche sech net all ëmmer esou aus ewéi ee mengt. Dem Young säi Storch war aus Stol an huet dowéinst eiser ganzer Klass hir Phantasie spille geloos. Wat eis ubelaangt, dem Young seng Famill, mir si vu Freed an d’Luucht gesprong an hunn dem klenge Jong eist d’Häerz grouss opgemaach.

Eng léif Geschicht iwwert d’Adoptioun erzielt duerch d’Kandheetserënnerungen vun enger 6 Joer aler grousser Schwëster.

Haut de la page

D’Déieren vum Bauerenhaff

D’Déieren vum Bauerenhaff. Wat iessen se? Wat schenken se eis?

Haut de la page

D’Kichen

D’Kichewelt duerch d’Ae vun engem Kand gesinn, fir um Prinzip vun de Géigesätz ze spillen.

Haut de la page

De Kierper

Mam Kapp an den Hänn entdecke mer alles wat ronderëm eis ass. 

Haut de la page

Mooka N1 : Nuecht & Esch-Uelzecht

Mooka ass e Mook (Magazine & Book) fir Kanner. En Thema, eng Stad, e Stadplang, Interviewe, Reportage, Rezepter, Comics a lauter Aktivitéiten fir beim Spillen mat Spaass bäizeléieren… méi Infoen

Haut de la page

D’Escher Bibliothéik

The Esch-sur-Alzette municipal library

Dëst Buch, publizéiert am Kader vum Centenaire vun der Escher Bibliothéik, ass eng Initiativ vum BESA Personal a gouf an enker Zesummenaarbecht mat hinnen produzéiert. D’Buch stellt de Jippy vir, de Grënner vun der Bibliothéik, deen d’Kanner duerch d’Bibliothéik féiert an hinnen d’Geheimnisser an d’Schätz vun der Bibliothéik virstellt. En detailléierte Plang an e Lexikon vum Buchwortschatz kompleteieren dei illustréiert Geschicht. Dem Claudine Furlano seng Biller sinn net all färdeg a kënnen vun de Kanner weidergemoolt ginn.